vfpetre_t422d4d7 – déi Konservativ http://richtung22.lu Sat, 13 Jan 2018 21:08:06 +0000 en-US hourly 1 https://wordpress.org/?v=4.9.6 http://richtung22.lu/wp-content/uploads/2017/04/cropped-18216184_10212391812572533_1409196042_o-32x32.png vfpetre_t422d4d7 – déi Konservativ http://richtung22.lu 32 32 déi Konservativ Komiteefoto Nationalkomiteesmemberen http://richtung22.lu/2018/01/11/dei-konservativ-komiteefoto-nationalkomiteesmemberen/ http://richtung22.lu/2018/01/11/dei-konservativ-komiteefoto-nationalkomiteesmemberen/#respond Thu, 11 Jan 2018 06:25:43 +0000 http://richtung22.lu/?p=647 The post déi Konservativ Komiteefoto Nationalkomiteesmemberen appeared first on déi Konservativ.

]]>

The post déi Konservativ Komiteefoto Nationalkomiteesmemberen appeared first on déi Konservativ.

]]>
http://richtung22.lu/2018/01/11/dei-konservativ-komiteefoto-nationalkomiteesmemberen/feed/ 0
Pressematdeelung 16.11.2017 Nee fir d’Internationaliséierung vun der Fonction Publique! http://richtung22.lu/2017/12/03/pressematdeelung-16-11-2017-nee-fir-dinternationaliseierung-vun-der-fonction-publique/ http://richtung22.lu/2017/12/03/pressematdeelung-16-11-2017-nee-fir-dinternationaliseierung-vun-der-fonction-publique/#respond Sun, 03 Dec 2017 19:34:22 +0000 http://richtung22.lu/?p=623 Nee fir d’Internationaliséierung vun der Fonction Publique! D’Partei déi Konservativ reagéiert via Pressematdeelung mat schaarfer Kritik un d’Adress vum Inneminister Dan Kersch an d’Regierung, déi laut Interview-Ausso, mat enger weiderer Ouverture fir den Accès vun Auslänner an de Staatsdéngscht sympathiséieren. Gambia rëselt also weider un de Grondfeste vum Staatsdéngscht, an dreift d’Internationaliséierung vum Land virun,…

The post Pressematdeelung 16.11.2017 Nee fir d’Internationaliséierung vun der Fonction Publique! appeared first on déi Konservativ.

]]>
Nee fir d’Internationaliséierung vun der Fonction Publique!

D’Partei déi Konservativ reagéiert via Pressematdeelung mat schaarfer Kritik un d’Adress vum Inneminister Dan Kersch an d’Regierung, déi laut Interview-Ausso, mat enger weiderer Ouverture fir den Accès vun Auslänner an de Staatsdéngscht sympathiséieren. Gambia rëselt also weider un de Grondfeste vum Staatsdéngscht, an dreift d’Internationaliséierung vum Land virun, andeems elo weider nationalsouverän Grondlagen iwwer Bord gehäit ginn. Mat der éischter Internationaliséierung vum Staatsdéngscht am Joer 2009, gouf de Kritär vun der Lëtzebuerger Nationalitéit schonns eemol entwäert – deemools gouf d’Lëtzebuerger Nationalitéit duerch d’europäesch Identitéit ersat.

D’Conditioune fir eng Staatsplaz gesinn deemno op Basis vun der jëtzeger Gesetzesgrondlag e.a vir, datt een der Lëtzebuerger Sprooch mächteg si muss, souwéi am Besëtz vun der Nationalitéit aus engem EU-Memberland (mat Ausnahm fir d’ëffentlech Staatsgewalt a fir all d’Posten, déi der genereller Interessevertriedung vum Staat verschriwwe sinn, oder als juristesch Persoune vum ëffentleche Recht wou d’Lëtzebuerger Nationalitéit zielt). Sou begréissenswäert a batter néideg eng Reform vum Staatsexamen an eisen Aen ass, sou defavorabel positionéiert sech d’Partei déi Konservativ, géintiwwer dem Verloscht vun der wichteger Nationalitéitsconditioun.

Wat genee huet den Här Inneminister wëlles? Soll dann elo Jiddereen Accès an d’Fonction Publique hunn? Soll Jiddereen den nationalsouveränen Exercice kënne wouer huelen? Soll d’Fonction publique elo an d’Hand vum Ausland goen? Ass dat hei d’Hannerdier fir d’Auslännerwahlrecht?

gezeechent,
déi Konservativ

 

erooflueden_Pressematdeelung_15

The post Pressematdeelung 16.11.2017 Nee fir d’Internationaliséierung vun der Fonction Publique! appeared first on déi Konservativ.

]]>
http://richtung22.lu/2017/12/03/pressematdeelung-16-11-2017-nee-fir-dinternationaliseierung-vun-der-fonction-publique/feed/ 0
Pressematdeelung 06.10.2017 D’Rechnung net ouni d’Partei déi Konservativ! http://richtung22.lu/2017/12/03/pressematdeelung-06-10-2017-drechnung-net-ouni-dpartei-dei-konservativ/ http://richtung22.lu/2017/12/03/pressematdeelung-06-10-2017-drechnung-net-ouni-dpartei-dei-konservativ/#respond Sun, 03 Dec 2017 19:30:50 +0000 http://richtung22.lu/?p=622 D’Rechnung net ouni d’Partei déi Konservativ! D’Partei déi Konservativ reagéiert mat dëser Pressematdeelung un d’Lëtzebuerger Wort, géint d’journalistesch Diskriminéierung am Artikel “The parties and what they stand for in Luxembourg communal elections” vum 2. Oktober 2017, wou si als eenzeg politesch Partei, net an der Interview-Rei opdaucht, an och am Virfeld vun dëser Serie, net…

The post Pressematdeelung 06.10.2017 D’Rechnung net ouni d’Partei déi Konservativ! appeared first on déi Konservativ.

]]>
D’Rechnung net ouni d’Partei déi Konservativ!

D’Partei déi Konservativ reagéiert mat dëser Pressematdeelung un d’Lëtzebuerger Wort, géint d’journalistesch Diskriminéierung am Artikel “The parties and what they stand for in Luxembourg communal elections” vum 2. Oktober 2017, wou si als eenzeg politesch Partei, net an der Interview-Rei opdaucht, an och am Virfeld vun dëser Serie, net fir eng Stellungnahm a Consideratioun gezu gouf.

Zwar heescht et um Wupp vum Artikel, datt just Parteien mat Kandidatur a méi wéi enger Gemeng, fir een Interview gefrot goufen, ma déi Konservativ erënneren awer gären drun, datt si als politesch Partei national aktiv sinn, an och an der fënneft-gréisster Gemeng, d’Gemeng Péiteng, mat wäit iwwer 18.000 Awunner un der Demokratie deel huelen.

D’Gemeng Péiteng ass och déi eenzeg Gemeng am Land, wou aacht Parteie mat komplette Lëschte kandidéieren, dorënner och déi Konservativ als nei Partei, wat d’Lokalpolitik hei zu Péiteng, zu engem Unikum an de Gemengerotswahlen 2017 mëcht.

D’Partei déi Konservativ bedauert d’Entscheedung vum Lëtzebuerger Wort, fir eng Partei am politesche Liewen dout ze schweigen. Mir wënschen eis, datt net just vereenzelt, mä all d’Zeitungsorganer an d’Medien, d’Stëmm vun eiser Partei wouer huelen. Et ass wichteg datt eis Landsleit wëssen, datt et eng konservativ Alternativ zum lénkspolitesche Parteiespektrum gëtt, déi deemols hir Gebuertsstonn zu Péiteng gemaach huet, an elo zënter engem hallwe Joer, uechter d’Land politesch aktiv ass.

gezeechent,
déi Konservativ

 

erooflueden_Pressematdeelung_14_pdf

The post Pressematdeelung 06.10.2017 D’Rechnung net ouni d’Partei déi Konservativ! appeared first on déi Konservativ.

]]>
http://richtung22.lu/2017/12/03/pressematdeelung-06-10-2017-drechnung-net-ouni-dpartei-dei-konservativ/feed/ 0
Pressematdeelung 06.09.2017 Déi Konservativ fuerderen: Rett d’Iechternacher Sprangprëssessioun! http://richtung22.lu/2017/12/03/pressematdeelung-06-09-2017-dei-konservativ-fuerderen-rett-diechternacher-sprangpressessioun/ http://richtung22.lu/2017/12/03/pressematdeelung-06-09-2017-dei-konservativ-fuerderen-rett-diechternacher-sprangpressessioun/#respond Sun, 03 Dec 2017 19:24:56 +0000 http://richtung22.lu/?p=618 Déi Konservativ fuerderen: Rett d’Iechternacher Sprangprëssessioun! D’Partei déi Konservativ weist sech solidaresch mam Willibrordus Bauveräin, deen ëm Suerg ëm d’Iechternacher Sprangprëssessioun ass. Hei gesäit d’Schoulorganisatioun kee schoulfräien Dag méi fir d’Sprangprëssessioun 2019 vir, déi domat der Participatioun um kulturelle Plang an d’Quier kënnt. Nodeems den Här Meisch um Twitter op de soziale Medien no der…

The post Pressematdeelung 06.09.2017 Déi Konservativ fuerderen: Rett d’Iechternacher Sprangprëssessioun! appeared first on déi Konservativ.

]]>
Déi Konservativ fuerderen: Rett d’Iechternacher Sprangprëssessioun!

D’Partei déi Konservativ weist sech solidaresch mam Willibrordus Bauveräin, deen ëm Suerg ëm d’Iechternacher Sprangprëssessioun ass. Hei gesäit d’Schoulorganisatioun kee schoulfräien Dag méi fir d’Sprangprëssessioun 2019 vir, déi domat der Participatioun um kulturelle Plang an d’Quier kënnt. Nodeems den Här Meisch um Twitter op de soziale Medien no der Fro vum Problem freet, wëll d’Partei déi Konservativ, dem Här Minister eng kloer Äntwert ginn: An eisen Aen, steet d’Ewechfale vum schoulfräien Dag fir d’Matmaache bei der Sprangprëssessioun am Géigesaz zur aktiver Kulturfërderung an ass eng weider Komplikatiounsmaach am Engagement fir d’Kulturliewen zu Lëtzebuerg.

Fir d’konservativ Partei ass d’Woren, d’Verdeedegen an d’Fleegen vun eiser Kultur, prioritäre politesche Programm. D’Iechternacher Sprangprëssessioun gehéiert zum UNESCO-Weltkulturierwen mat lëtzebuergeschem Stempel, an dorop si mir houfreg!

D’lëtzebuergesch Traditioune si wichteg Komponente vun eiser Identitéit, wou de Generatioune no eis, d’Recht op kulturell Ierfschaft garantéiert muss sinn, fir datt Lëtzebuerg seng Identitéit weider lieft. De Kulturofbau duerch politesch Onsënnegkeet am gambistesche Ministär, beweist sech alt nees an enger falsch geplangter Trennung vu Kierch a Staat.

Och mir, déi Konservativ, si fir eng Trennung vu Kierch a Staat, esoulaang d’Fro ëm de Finanzéierungsmodell dréit. Mir wieren eis als Partei awer géint all Versuch, d’verankert chrëschtlech Traditiounen, déi Lëtzebuerg seng Identitéit ginn, mol einfach esou ze afferen. Hei geet et wuel ëm d’Gläichschaltung vun de Reliounen, déi d’chrëschtlech-kathoulesch Relioun op d’Säit drécke soll, an hire Bäitrag fir d’Lëtzebuerger Kulturgeschicht ausknipst.

Traditiounen, Sitte, Bräich, Sprooch, Heemecht, Nationalgefill a Wäerter stinn an enker Verbonnenheet mat eis Mënschen. Eise Parteinumm steet bewosst a konsequent fir dëse Kodex. Déi Konservativ fuerdere méi Léift, a méi Respekt beim politeschen Ëmgang mat eiser Identitéit.

gezeechent,
déi Konservativ

 

erooflueden_Pressematdeelung_13

The post Pressematdeelung 06.09.2017 Déi Konservativ fuerderen: Rett d’Iechternacher Sprangprëssessioun! appeared first on déi Konservativ.

]]>
http://richtung22.lu/2017/12/03/pressematdeelung-06-09-2017-dei-konservativ-fuerderen-rett-diechternacher-sprangpressessioun/feed/ 0
Pressematdeelung 21.08.2017 D’Pressemäerche vun der Wahlsabotage… http://richtung22.lu/2017/12/03/pressematdeelung-21-08-2017-dpressemaerche-vun-der-wahlsabotage/ http://richtung22.lu/2017/12/03/pressematdeelung-21-08-2017-dpressemaerche-vun-der-wahlsabotage/#respond Sun, 03 Dec 2017 18:24:33 +0000 http://richtung22.lu/?p=614 D’Pressemäerche vun der Wahlsabotage… D’Partei déi Konservativ weist sech entsat iwwert d’Pressemäerche vun der Wahlsabotage am Lëtzebuerger Wort, an distanzéiert sech ausdrécklech vun dësem Genre politescher Berichterstattung. Hei gëtt d’Partei fälschlecherweis accuséiert, de 17. August en Opruff zur Wahlsabotage vun de Gemengerotswahle vum 8. Oktober 2017 gemaach ze hunn a sech scho bal gesetzeswiddreg géint…

The post Pressematdeelung 21.08.2017 D’Pressemäerche vun der Wahlsabotage… appeared first on déi Konservativ.

]]>
D’Pressemäerche vun der Wahlsabotage…

D’Partei déi Konservativ weist sech entsat iwwert d’Pressemäerche vun der Wahlsabotage am Lëtzebuerger Wort, an distanzéiert sech ausdrécklech vun dësem Genre politescher Berichterstattung. Hei gëtt d’Partei fälschlecherweis accuséiert, de 17. August en Opruff zur Wahlsabotage vun de Gemengerotswahle vum 8. Oktober 2017 gemaach ze hunn a sech scho bal gesetzeswiddreg géint d’Wahlgesetz verhalen ze hunn.

D’Partei stellt kloer, datt si zu kengem Moment fir Wahlsabotage oder Wahlmanipulatioun opgeruff huet, a just eng politesch Wahlempfehlung un hir Memberen a Sympathisanten erausginn huet, fir Bekenntnës fir d’Partei déi Konservativ uechter d’Gemengem am Land ze weisen. D’Partei bekräftegt, datt si un hirem Wielprinzip festhält.

Och de Bezierksparquet fir Lëtzebuerg bestätegt dem Lëtzebuerger Presseorgan op Nofro hin datt et sech hei, villäicht, ëm eng “net elegant Stilfro” handelt, ma absolut awer, ëm keng illegal Aktioun an ëm keng strofbar Handlung. D’Partei bekennt sech, als demokratesch Partei konservativ-fräiheetlecher Philosophie, honnertprozenteg zu Recht a Gesetz, zur politescher Gesetzgebung an zur Lëtzebuerger Nationalverfassung – och wann déi Konservativ net mat der regéierender Politik averstan ass. D’Partei steet och zur obligatorescher Wahlflicht zu Lëtzebuerg, an hält dru fest, datt d’geheim Wiel- an d’Entscheedungsfräiheet an eisem demokratesche System gewort bleift an datt all Choix a Resultat ze respektéieren ass.

D’Partei déi Konservativ kritiséiert och zudéifst, déi ideologesch an demokratieschiedlech, journalistesch Attacken géint politesch Parteien a wënscht sech ausdrécklech, datt d’Press deene ville Pressematdeelungen vun eis, mat Reaktiounen, Fuerderungen a Positionéierungen punkto wichtege, politesche Sujeten hiert Interessi géing schenken. D’Partei bedauert, datt bal all hir Pressematdeelungen, aus wéi enge politesche Beweeggrënn och ëmmer, ënnert den Teppech gekiert goufen.

D’Partei déi Konservativ mengt, datt e neutralen, réalitéitsgetreien a respektvolle Journalismus, souwéi ee korrekten Ëmgang mat politesche Parteien, eng wichteg Virbildfunktioun fir d’Demokratie ass.

Mir wëllen d’Letzebuerger Wort och drop opmierksam maachen, datt eise Spëtzekandidat a Nationalpresident Joe Thein, geméis de leschte Gemengerotswahlen vum 9. Oktober 2011, an domat baséierend op dem Wielerwëlle vum Péitenger Gemengevollek, nach ëmmer a flichtgetreier politescher Erfëllung säi Mandat wouer hëlt an a sengem gewielten Amt ass.

gezeechent,
déi Konservativ

 

erooflueden_ Pressematdeelung_12

The post Pressematdeelung 21.08.2017 D’Pressemäerche vun der Wahlsabotage… appeared first on déi Konservativ.

]]>
http://richtung22.lu/2017/12/03/pressematdeelung-21-08-2017-dpressemaerche-vun-der-wahlsabotage/feed/ 0
Pressematdeelung 17.08.2017 D’Zockersteier – Verloscht vu Fräiheet an Déifstall um Steierzueler http://richtung22.lu/2017/12/03/pressematdeelung-17-08-2017-dzockersteier-verloscht-vu-fraiheet-deifstall-um-steierzueler/ http://richtung22.lu/2017/12/03/pressematdeelung-17-08-2017-dzockersteier-verloscht-vu-fraiheet-deifstall-um-steierzueler/#respond Sun, 03 Dec 2017 18:14:57 +0000 http://richtung22.lu/?p=610 D’Zockersteier – Verloscht vu Fräiheet an Déifstall um Steierzueler. D’Partei déi Konservativ weist sech immens kritesch géintiwwer enger sougenannter “Zockersteier” op de Gedrénkskonsum, eng Iddi, déi wuel scho länger ee politesche Gedanken am Regierungskrees ass. Zwar schwätzt d’Madame Gesondheetsministesch nach net vun haut a muer, fir d’entspriechend d’Schafung an d’Aféierung vun enger neier Gambiasteier, ma…

The post Pressematdeelung 17.08.2017 D’Zockersteier – Verloscht vu Fräiheet an Déifstall um Steierzueler appeared first on déi Konservativ.

]]>
D’Zockersteier – Verloscht vu Fräiheet an Déifstall um Steierzueler.

D’Partei déi Konservativ weist sech immens kritesch géintiwwer enger sougenannter “Zockersteier” op de Gedrénkskonsum, eng Iddi, déi wuel scho länger ee politesche Gedanken am Regierungskrees ass. Zwar schwätzt d’Madame Gesondheetsministesch nach net vun haut a muer, fir d’entspriechend d’Schafung an d’Aféierung vun enger neier Gambiasteier, ma ëffentlech gouf sech jo schonns zu Gonschte fir d’Iddi positionéiert.

Déi Konservativ si vehement der Meenung, datt de perséinleche Liewensstil an déi eege Privatsphär, ouni Bevirmondung vum Staat gewort musse bleiwen. De Mënsch muss an eisen Aen, d’Recht op Entscheedungsfräiheet an Eegeverantwortung am Liewen hunn.
Mir sinn eis gesondheetspolitesch sécherlech eens, datt de Staat an de Gesondheetsministär d’Aufgab hunn, fir fir de Kärgedanke vum gesonde Mënsch ze stoen, fir d’Wuel an d’Gesondheet vun der Natioun an ze trieden an d’Gesondheetskeess beschtméiglechst z’entlaaschten. Gäre soll de Staat Konsumalternativen opweisen, gesondheetlech Risiken a Geforen thematiséieren, an eng ongezwonge Sensibiliséierung a Präventioun als Informatioun leeschten. Et kann an duerf awer net esouwäit goen, datt d’weltbildlecht Diktat vum Staat, d’Konsumfräiheet kontrolléiert an aschränkt, Liewensschema a Liewensastellung opzwéngt an dirigéiert, an d’Leit alt nees ëm de Su bestielt.

Schonns d’Fëmmverbuet an d’Erhéijung vun der TVA um Alkohol, awer och d’Erhéijung vun der Solidaritéitssteier an d’deemoleg Aféierung vun der Krisesteier, sinn e puer Beispiller, wou d’Bierger e Stéck Fräiheet verléieren an erschaffte Kapital un de Pappa Staat aftrieden. Mir froen eis: Wat ass déi nächst Etapp? Nach steet d’Fettsteier net politesch zur Diskussioun, ma säitens Bréissel goung elo schonns d’Virschrëft am Kampf géint de Frittekonsum eraus…

gezeechent,
déi Konservativ

Pressematdeelung_11

The post Pressematdeelung 17.08.2017 D’Zockersteier – Verloscht vu Fräiheet an Déifstall um Steierzueler appeared first on déi Konservativ.

]]>
http://richtung22.lu/2017/12/03/pressematdeelung-17-08-2017-dzockersteier-verloscht-vu-fraiheet-deifstall-um-steierzueler/feed/ 0
Fir ee nationaalt Burkaverbuet an absoluter Form. http://richtung22.lu/2017/12/03/fir-ee-nationaalt-burkaverbuet-absoluter-form/ http://richtung22.lu/2017/12/03/fir-ee-nationaalt-burkaverbuet-absoluter-form/#respond Sun, 03 Dec 2017 18:07:08 +0000 http://richtung22.lu/?p=607 Fir ee nationaalt Burkaverbuet an absoluter Form. D’Partei déi Konservativ begréisst d’Decisioun vu Regierung a Chamber, sech nach esou kuerz virun der Summervakanz, mat der Fro ëm d’Burka ausernaner ze setzen, an domat eng wichteg politesch Regelung an d’Gesellschaftsliewen ze ruffen. De Gesetzesprojet geet an eisen Aen, allerdéngs net wäit genuch, an ass eng hallefhäerzeg…

The post Fir ee nationaalt Burkaverbuet an absoluter Form. appeared first on déi Konservativ.

]]>
Fir ee nationaalt Burkaverbuet an absoluter Form.

D’Partei déi Konservativ begréisst d’Decisioun vu Regierung a Chamber, sech nach esou kuerz virun der Summervakanz, mat der Fro ëm d’Burka ausernaner ze setzen, an domat eng wichteg politesch Regelung an d’Gesellschaftsliewen ze ruffen. De Gesetzesprojet geet an eisen Aen, allerdéngs net wäit genuch, an ass eng hallefhäerzeg politesch Positionéierung virun de Gemengerotswahlen, nodeems d’Regierung schonns am Virfeld de Problem op d’Gemengen ofwimmele wollt, an sech esou enger klorer, nationaler Decisioun entzéie wollt.

Déi Konservativ sti fir d’fräi Ausübung vum reliéise Glawen, soulaang d’Reliounsverständnes am Respekt zum lëtzebuergesche Gesetzeskader an zur Nationalverfassung steet. Mir stinn aus dësem Grond entschidden, fir e nationaalt Burkaverbuet an absoluter Form, well d’Burka sech als politesch Symbolik géint eist Wäerte- an Demokratieverständnës versteet. Deemno, muss d’Burka als inkompatibel mat der Reliounsfräiheet an der Fräiheet vum Mënsch gewäert ginn.

Nom rezenten Uerteel vum europäesche Geriichtshaff, deen d’Burkaverbuet net just als zoulässeg, mä souguer als noutwenneg politesch Regelung an der souveräner Kompetenz vu Nationalstaate nennt, an hei notamment fir de Schutz vu Rechter a Fräiheeten plädéiert, gesi mir eis politesch Positioun och op europäeschem Niveau confirméiert. Mir fuerderen d’Politik op, dëst Gesetz als provisoresch Iwwergangsléisung ze consideréieren, an an enger zweeter Phase, een absolut Burkaverbuet an d’Weeër ze leeden.

gezeechent,
déi Konservativ

The post Fir ee nationaalt Burkaverbuet an absoluter Form. appeared first on déi Konservativ.

]]>
http://richtung22.lu/2017/12/03/fir-ee-nationaalt-burkaverbuet-absoluter-form/feed/ 0
E gemeinsamt Parteiiëssen http://richtung22.lu/2017/07/31/e-gemeinsamt-parteiiessen/ http://richtung22.lu/2017/07/31/e-gemeinsamt-parteiiessen/#respond Mon, 31 Jul 2017 04:34:26 +0000 http://richtung22.lu/?p=506 Léif Frënn vun déi Konservativ, De Sonndeg, den 30. Juli hat d’konservativ Partei, e gemeinsamt Parteiiëssen – dëst ganz am Zeeche vun de Gemengerotswahlen vum 8. Oktober 2017! Zësumme mat der Parteispëtzt, Memberen aus dem Nationalkomitee a bal all eise Péitenger Kandidaten, hu mir e puer gemittlech Stonnen an der Gemeng Péiteng zësumme verbruecht, an…

The post E gemeinsamt Parteiiëssen appeared first on déi Konservativ.

]]>
Léif Frënn vun déi Konservativ,

De Sonndeg, den 30. Juli hat d’konservativ Partei, e gemeinsamt Parteiiëssen – dëst ganz am Zeeche vun de Gemengerotswahlen vum 8. Oktober 2017! Zësumme mat der Parteispëtzt, Memberen aus dem Nationalkomitee a bal all eise Péitenger Kandidaten, hu mir e puer gemittlech Stonnen an der Gemeng Péiteng zësumme verbruecht, an eis schonns op de kommende Wahlkampf agestëmmt. Bei där Geleeënheet, hu mir eis och Rendez-vous fir d’Kandidatefotoe ginn. D’Partei wäert Iech an de nächsten Deeg d’Présentatioun vun de Kandidaten an dem Wahlplakat maachen. Bleift gespaant … 🙂

déi Konservativ

The post E gemeinsamt Parteiiëssen appeared first on déi Konservativ.

]]>
http://richtung22.lu/2017/07/31/e-gemeinsamt-parteiiessen/feed/ 0
Déi Konservativ sti fir een Europa vun de fräien a souveräne Natiounen http://richtung22.lu/2017/06/19/dei-konservativ-sti-fir-een-europa-vun-de-fraien-souverane-natiounen-den-12-juni-war-eng-delegatioun-vun-dei-konservativ-op-invitatioun-bei-dvertriedung-vun-der-europaescher-komissioun-op-ettel/ http://richtung22.lu/2017/06/19/dei-konservativ-sti-fir-een-europa-vun-de-fraien-souverane-natiounen-den-12-juni-war-eng-delegatioun-vun-dei-konservativ-op-invitatioun-bei-dvertriedung-vun-der-europaescher-komissioun-op-ettel/#respond Mon, 19 Jun 2017 13:56:43 +0000 http://richtung22.lu/?p=399 Den 12. Juni war eng Délégatioun vun déi Konservativ op Invitatioun bei d’Vertriedung vun der Europäescher Komissioun op Ettelbréck mat uschléissendem Debat iwwert d’Zukunft Europa.

The post Déi Konservativ sti fir een Europa vun de fräien a souveräne Natiounen appeared first on déi Konservativ.

]]>
Den 12. Juni war eng Délégatioun vun déi Konservativ op Invitatioun bei d’Vertriedung vun der Europäescher Komissioun op Ettelbréck mat uschléissendem Debat iwwert d’Zukunft Europa.

The post Déi Konservativ sti fir een Europa vun de fräien a souveräne Natiounen appeared first on déi Konservativ.

]]>
http://richtung22.lu/2017/06/19/dei-konservativ-sti-fir-een-europa-vun-de-fraien-souverane-natiounen-den-12-juni-war-eng-delegatioun-vun-dei-konservativ-op-invitatioun-bei-dvertriedung-vun-der-europaescher-komissioun-op-ettel/feed/ 0
Mammendaag http://richtung22.lu/2017/06/12/mammendaag/ http://richtung22.lu/2017/06/12/mammendaag/#respond Mon, 12 Jun 2017 20:23:34 +0000 http://richtung22.lu/?p=395 Déi Konservativ wënschen haut um 11. Juni, alle eise Mammen, an deenen déi et ginn, zësumme mat hire Familljen, e schéine Mammendag. Dësen Dag steet zu Éiere vun der Mamm an hirer sou wäertvoller Beruffung fir eis Kanner an eis Natioun – Mamm sinn ass e respektable Beruff, a verdéngt et, honoréiert ze ginn. Mir…

The post Mammendaag appeared first on déi Konservativ.

]]>
Déi Konservativ wënschen haut um 11. Juni, alle eise Mammen, an deenen déi et ginn, zësumme mat hire Familljen, e schéine Mammendag. Dësen Dag steet zu Éiere vun der Mamm an hirer sou wäertvoller Beruffung fir eis Kanner an eis Natioun – Mamm sinn ass e respektable Beruff, a verdéngt et, honoréiert ze ginn. Mir soen der Lëtzebuerger Mamm Villmools Merci an Alles Guddes!

The post Mammendaag appeared first on déi Konservativ.

]]>
http://richtung22.lu/2017/06/12/mammendaag/feed/ 0